When? Saturday 23.11.202416:00 - 16:45

Zongenzodi

Where? 2, Porte St. Willlibrord, L-6486 Echternach Theatre, Film & Shows

Betsy Dentzer & Luisa Bevilacqua

Zongenzodi

Betsy Dentzer & Luisa Bevilacqua


En Erzielstéck fir Kanner vu 4 Joer un


Den Här Pierre schafft am Wierderbüro. All Dag um Punkt 8 Auer liest hien duerch säi Radiosmikro d’Wuert vum Dag vir. Hien erkläert genee wat all Wuert heescht a wéi eng Sätz een domat ka maachen. 


Jidderee lauschtert dem Här Pierre seng Radiossendung, fir ze léieren, uerdentlech ze schwätzen. Et gi keng Dommheete mat deene Wierder gemaach! Et gëtt och net getuddelt an einfach esou drop lass gebraddelt! Alles huet seng Uerdnung: Véiereckeg – praktesch – gutt!

Ma enges Daags daucht d’Zoé am Här Pierre sengem uerdentleche Liewen op...an op eemol geréit alles duercherneen !


ZongenZodi ass en Erzielstéck voller Freed un der Sprooch an um Spill mat Buschtawen a Wierder. Et erzielt eng beréierend Geschicht, déi zum Nodenke bréngt, ma och d’Laachmuskelen net vergësst.


Vun a mam Luisa Bevilacqua, Betsy Dentzer | Szenografie a Kostümer - Peggy Wurth | Luuchten - Domenic Koehler (Escher Theater) | Bléck vu baussen - Ela Baumann, Jean Bermes, Claire Parsons 


Eng Produktioun vum Escher Theater an Erzielkonscht a.s.b.l. 


Saal: Atrium

Dauer: 45 Min. ouni Paus

Price information
min.12,00€
Book
min.12,00€
Next events
Saturday 23.11.202416:00 - 16:45

Location

Address: TRIFOLION Echternach
2, Porte St. Willlibrord
L-6486 Echternach
Show on map

Winter{nachts}traum

Kölner KünstlerInnen Theater
Find out more

Thé Dansant

Thé Dansant
Find out more

Sonne & Beton

nach dem Roman von Felix Lobrecht
Find out more

Romeo & Julia

Luxembourg Ballet
Find out more

Mämmories

Michel Turpel & Jemp Schuster
Find out more

KREISE

Helios Theater
Find out more

Karlo Kipper

E Kannerlidder-Bandprojet vum Dan Tanson & John Wolter
Find out more

Fir Laachen, dreckt 3

Tri2pattes
Find out more

En Quête

Fábio Godinho
Find out more