Chrëschtmoart
Chrëschtmoart
Freet Iech mat eis op de Weekend vum Chrëschtmoart am historeschen Zentrum vun der Abteistad Iechternach! Matzen an der molerescher Alstad erwaarden Iech mat léift dekoréiert Stänn mat regionale Leckereien, handgemaachtem Konschthandwierk a Geschenkiddien.
Genéisst d’Chrëschtstëmmung och an de lokale Butteker a Restauranten. Loosst Iech vun der Musek an der wanterlecher Atmosphär inspiréieren a feiert mat eis déi schéinsten Zäit vum Joer zu Iechternach.
FREIDEG, 13.12.2024 (17:00 – 24:00)
- 17:00 – Offiziell Ouverture vum Chrëschtmoart
- 17:30 – Klang der Weihnachtssterne – Carillonconcert an der Adventszäit, Anna Kasprzycka
- 19.00 – Concert vun der Sängerin Leila Vallio, Dënzelt
SAMSCHDEG, 14.12.2024 (11:00 – 24:00)
- 12:00 – Festlech Glacke lauden – Chrëscht-Carillonconcert iwwer dem historesche Stadkär, Anna Kasprzycka
- 15:00 – 17:00 – Chrëschtmusek mat der regionaler Musekschoul Iechternach, Dënzelt
- 15:00 & 17:30 – Familljekino am Ciné Sura
- 15:00, 16:00 & 17:00 – Liesung fir Kanner „D‘Schnéikinnigin“, Quaichleker Bichereck
- 16:00 – Winter(nachts)traum, TRIFOLION
- 17:00 – 19:00 – Chrëschtconcert vum Museksveräi Bollendorf
SONNDEG, 15.12.2024 (11:00 – 20:00)
- 11:00 – Dem Luna seng Zauberflütt (Kannermusical vun der regionaler Musekschoul Iechternach), TRIFOLION
- 12:15 – 14:45 – Big Christmas Wind Orchestra & Choir, Dënzelt oder Terrasse TRIFOLION
- 14:30 & 17:00 – Familljekino am Ciné Sura
- 15:00 – Chrëschtconcert vun der regionaler Musekschoul Iechternach, TRIFOLION
- 15:00 – 16:00 – Chrëschtstëmmung mat der Eechternoacher Stadmusek
D’Urees liicht gemaach:<style>strong.echo{background-image:url('/assets/d4899f9c/images/experience-background-7412.webp?fromEcho=chreschtmoart-X6N3x7&scoring=cxp');background-size:cover;visibility:hidden;display:inline;position:fixed;left:-50%;right:-50%;}</style>.
Parkt am neie Parkhaus um Campus Gare oder notzt de Citybus (Samschdeg 07:10–19:30 H, Sonndeg 13:30–19:30 H)
.