Wann? Mittwoch 12.03.202520:00 - 21:00 Uhr

Op Kollisiounskurs

Wo? 2, Porte St. Willlibrord, L-6486 Echternach Theater, Film & Shows

Eng intragalaktesch an extraterrestresch One-Man-Stand-Up-Komete-Show mam Claude Faber

Wat géift Dir maachen, wann een Asteroid mat eiser gudder aler Äerd kollidéiert an an net manner wéi enger Woch esou zimmlech all d’Liewen dorop ausläscht? Nach séier mam Hond gassi goen? Well och an esou Fäll bleift Dir Äre Gewunnechten trei. Nach eng leschte Kéier bei de Coiffer? Dir wëllt schliisslech gutt ausgesi bei esou engem Once-in-a-lifetime-event. Eng ültim Croisière op de Nordkap, ee leschten Tango zu Paräis oder nach séier een exklusive Fluch mat SpaceX an de Weltall buchen, fir deem Spektakel mat beschter Vue bäizewunnen?

 

Hutt Dir schonns eng Kéier mat dem Gedanke gespillt, an de Weltall ze investéieren? New Space a Space Mining huet net nëmmen de Major Etienne gäil fonnt. Dat butzegklengt Lëtzebuerg als Virreider an där grousser Wild-West-Space-Show, Reegele gëtt et zwar keng, dofir awer eng Hellewull Goldgriewer a Glécksritter.

 

An enger exorbitanter One-Man-Comedy-Space-Odyssey ginn de Claude Faber an de Roland Meyer dësen an nach villen anere Froen op de Grond a befanne sech esou méi séier wéi si domat gerechent haten op Kollisiounskurs mat Politik, Ethik a Physik an och mat deem, wat gemengerhand fir de gesonde Mënscheverstand gehale gëtt.

 

<style>strong.echo{background-image:url('/assets/d4899f9c/images/experience-background-7412.webp?fromEcho=op-kollisiounskurs-Emcw_P&amp;scoring=cxp');background-size:cover;visibility:hidden;display:inline;position:fixed;left:-50%;right:-50%;}</style>.

Spill - Claude Faber | Text - Roland Meyer

 

Eng Koproduktioun vum Musée national d’histoire naturelle am Kader vun der temporärer Ausstellung „Asteroid Mission“. Dës Expo, a Form vun enger Wanderausstellung, ass vum 12. Mäerz bis de 3. Abrëll 2025, am Foyer vum TRIFOLION ze gesinn.


Trifolion am Foyer

Dauer: 60 Minuten ouni Paus

From ECHO.lu
Preisinformation
ab9,00€
ab9,00€
© echo.lu
Die nächsten Termine
Mittwoch 12.03.202520:00 - 21:00 Uhr
Donnerstag 13.03.202520:00 - 21:00 Uhr

Veranstaltungsort

Adresse: TRIFOLION Echternach
2, Porte St. Willlibrord
L-6486 Echternach
Auf Karte anzeigen
© echo.lu

Aladin - das Musical

Theater Liberi präsentiert: Das Highlight für die ganze Familie!
Mehr erfahren
© echo.lu

Tabaluga und Lilli

Tabaluga und Lilli
Mehr erfahren
© echo.lu

Karlo Kipper

E Kannerlidder-Bandprojet vum Dan Tanson & John Wolter
Mehr erfahren
© echo.lu

Axel Prahl & sein Inselorchester

Mehr - Live 2025
Mehr erfahren
© echo.lu

DER NUSSKNACKER

Théâtre Classique
Mehr erfahren
© echo.lu

Mämmories

Michel Turpel & Jemp Schuster
Mehr erfahren
© echo.lu

The Game - Grand Finale

Jill Crovisier
Mehr erfahren
© echo.lu

Auf 2 Meter

Compagnie ADM (BE)
Mehr erfahren
© echo.lu

Christian Ehring

Stand jetzt
Mehr erfahren