Wann? Dienstag 18.03.202520:00 - 21:30 Uhr

Kënschtlech Intelligenz

Wo? 2, Porte St. Willlibrord, L-6486 Echternach Schulungen/Konferenzen

Zukunftsängscht an Zukunftschancen

Moderatioun: Annick Goerens

 

D’kënschtlech Intelligenz dréngt lues awer sécher an ëmmer méi Beräicher vun eisem deegleche Liewen an. Dës Entwécklung gëtt vu munnecher Säit mat Staunen, Bedenken, awer och mat Angscht gekuckt.

 

Dës Table Ronde ass Deel vun der Themerei „Fräiheeten | Freiheiten | Libertés“, déi sech mam individuellen a kollektive Fräiheetsgefill auserneesetzt. 

 

Intervenant.e.n aus verschiddene Beräicher vermëttelen dem Publikum en Iwwerbléck, wéi Algorithmen d‘Liewen an den Alldag fir Privatpersounen, Entreprisen an Edukatioun aktuell markéieren an och an Zukunft verännere kéinten. Am Fokus steet d’Fro, op den Individuum grousse Konzerner hëlleflos ausgeliwwert ass, a wéi eng gesellschaftlech Verännerungen d’KI kéint mat sech bréngen.

 

Schränken d’Méiglechkeete vun der kënschtlecher Intelligenz eis Sécherheet a Fräiheeten an, oder erméiglechen si eiser Gesellschaft villsäitegt Potential? Wéi kënne mir mat eventuelle Geforen emgoen?

 

No der Table Ronde ass de Publikum häerzlech invitéiert, den Intervenant.e. Froen ze stellen a mat ze diskutéieren. 


Ort: Trifolion Foyer

Dauer : 90 min ohne Pause

© echo.lu
Die nächsten Termine
Dienstag 18.03.202520:00 - 21:30 Uhr

Veranstaltungsort

Adresse: TRIFOLION Echternach
2, Porte St. Willlibrord
L-6486 Echternach
Auf Karte anzeigen
© echo.lu

Einführungskurs - Salontanz

Einführungskurs - Salontanz
Mehr erfahren
© echo.lu

Science-Workshop fir Kanner - Künstliche Intelligenz

Mat Déi kleng Fuerscher
Mehr erfahren
© echo.lu

Kachworkshop Christmas Special: Veggie Chrëschtdagsmenü

Mam Tammy Diderich
Mehr erfahren
© echo.lu

Sprachencafé

Echternach
Mehr erfahren