De Club vun de Schlappschwänz
De Club vun de Schlappschwänz
.
De Willi a seng Frënn, de Fred an de Pierre si gestane Männer am Beruffsliewen, hire Fraen hun se net vill ent-géint ze setzen. Kachen, wäschen, strecken, an de Rescht vum Haushalt maachen se nieft der Arbescht, wärend hier Fraen hirer Liblingsbeschäftegung noginn: der Erzéiung vun hire Männer. Dat hënnert se net drun, wann et nëmme geet, an d´Bar „Pussypuff“ ze goen an där hier Favorittin Carmen hannert der Bar steet. Pein-lech gëtt et fir de Willi wei d´Carmen bei him doheem optaucht a bei him eraplënnere well., well a senger Wunneng renovéiert gëtt. Domm nëmmen datt de Willy dem Carmen gezielt huet, datt e guer net bestuet wär. Och de beschte Kolleeg vun deenen dräi Männer, de gestane Macho a Fraenheld Richard, huet sech zum selwechten Zäitpunkt virgeholl si aus der Ënnerdréckung ze befreien, an huet een Trainingspro-gramm ausgeschafft, wat hinnen hëllefe soll hire Fraen Stier ze bidden.
.
Di virwëtzeg Hausmeeschtesch,Christine Zimmer, däerf do och net feelen. Sie lieft ganz nom Motto „Gott gesäit alles“ an di ganz Nopeschen nach vill mei. Do kann ee vun enger Normalitéit an deene verschidden Haushälter geschwënn guer net mei schwätzen.