Biergerversammlung Liaison Morgenstern & Héichwaasser-Pompelstatioun rue du Pont
Biergerversammlung Liaison Morgenstern & Héichwaasser-Pompelstatioun rue du Pont
De Schäfferot vun der Stad Eechternoach invitéiert Iech häerzlech op d’Biergerversammlung zum Thema
“Liaison Morgenstern an Héichwaasser- Pompelstatioun rue du Pont”
de Mëttwoch, 2. Oktober 2024 um 19h00 am TRIFOLION,
Programm:
- 18h45 Accueil vum Public a vun den Invitéeën
- 19h00 Aleedung duerch d‘Buergermeeschtesch vun der Stad Eechternoach, Carole Hartmann
Presentatioun vum aktuelle Stand vum Projet “Liaison Morgenstern”, Administration des Ponts & Chaussées
Virstellung vum Projet Héichwaasser-Pompelstatioun rue du Pont, Schroeder & Associés
.Echange mam Public
Sprooch Lëtzebuergesch mat Iwwersetzung op Franséisch
Den Éierewäin duerno gëtt offréiert vun der Stad Eechternoach.
Mir wiere frou Iech bei der Biergerversammlung begréissen ze däerfen.
De Schäfferot
Carole Hartmann,
Ben Scheuer,
Jean-Claude Strasser